Dodgeball-Turnéier fir de Respekt

Publié le 23/04/2024

Am Kader vum Concours “Respekt!?“, dee vum aktuelle « Projet d’établissement » lancéiert ginn ass, hunn d’Schüler vun der 7G4 zesumme mat hire Regenten an hirem Sportsproff Enn Mäerz een Dodgeball-Turnéier fir d‘7G- a 7C-Klassen organiséiert. D’Zil war et, e flott sportlecht Event ze managen a fir déi ënnerschiddlech Voleten zum Theema Respekt ze sensibiliséieren. Ronderëm d’Spillfeld hunn d’Schüler Flyeren opgestallt zum Respekt an ënnerschiddleche Kontexter: Nationalitéiten, Reliounen, Kulturen, Naturschutz, LGBTQ, Handicap, Ëmgang mat de Soziale Medien an Alter. Dës Aarbechten, déi d’Schüler am Virfeld gemaach haten, hu si deenen anere 7e-Schüler virun de Matcher virgestallt. Déi Klass, déi am fairste gespillt huet, war d‘7G3. Fir hir Fairness sinn d’Schüler mat enger „Josy Drink Bottle“ belount ginn.