Den LJBM op de Researchers’ Days

Publié le 05/12/2022

E Freideg, de 25.11., sinn eis nei Scientifique-Klassen aus dem Cycle inférieur 7GS, 6GS a 5GS zesumme mat eise wëssenschaftleche Klassen aus dem Cycle supérieur vum Enseignement général a classique 3GIG, 2GIG an 3CC/CB op d’Researchers’ Days an d’Rockhal gefuer. D’Schüler konnten hei bei verschiddenen Atelieren den neiste Stand vun der Fuerschung kenne léieren an aktiv ausprobéieren. 😃 Sou hu si zum Beispill d’Programmatioun vu Roboter, d’Benotze vun 3D-Drucker a vill flott aner Projete gesinn a konnten direkt a Kontakt mat de Fuerscher trieden. 😊
“Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”