CHALLENGE “FRIEND-PASS-FRIEND”

Publié le 02/06/2020

Virun e puer Wochen haten d’Sportsproffen aus dem LJBM zur Aktioun “Friend-PASS-Friend” opgeruff. Vill Schüler a Proffen haten hir Videoen erageschéckt, déi zu dësem flotte Film zesummegeschnidde gouffen!


“Friend-Pass-Friend”: Maacht alleguer mat!

Fir dass dir mol rëm eppes vun ären Klassen-Kollegen gesitt, hunn mir wëlles e puer Videoen ze maachen. Erklärungen sinn an eisem YouTube Video. Scheck mir w.e.g. däin klengen beschten, witzegsten Videoclip hei an den TEAMS fir den 1 Mai. Dat kann ganz einfach sinn oder och mega Skill mat Fussball oder Parkour oder Dancemove. Gëff ëmmer de Ball weider. WICHTEG: PASST OP. KEEN RISIKO AGOEN. KENG GEFEIERLECH STUNTS. BLEIWT GESOND. Mir maachen dann en flotten Video doraus. 👍😅😎 Mir sin frou iwert deng freiwelleg Participatioun.