B1BIM-Klass op Besuch bei der BIM World Munich #BIMuc22

Publié le 05/12/2022

D’B1BIM-Klass aus dem LJBM huet d’lescht Woch un der BIM World Munich (#BIMuc22) zu München deelgeholl. D’BIM World ass eng Expo fir d’Acteure vun der Digitaliséierung aus dem Bau- an Immobiliesecteur. D’Studente vun der BTS-Klass vum “Building Information Modeling” konnte sech mat Software-Hiersteller austauschen an haten d’Geleeënheet u villen interessante Seminairen deelzehuelen. 😃 Am Kader vun dëser Rees krute si och d’Werksviertel-Mitte zu München gewisen. Et ass een aussergewéinlecht Véierel – mat vill Plaz fir Kreativitéit, Musek, Konscht, sozialen Engagement, Sport, Ënnerhalung, Iessen, Drénken an Danzen, a mat nach méi Plaz fir nei Iddien an nohalteg Zukunftsprojeten. 😊