Aschreiwung fir 7e-Klassen 2022-2023

Publié le 01/07/2022

Léif Schüler aus dem Fondamental,

d’Aschreiwungsprozedur fir d’7e-Klassen 7C, 7G a 7P steet virun der Dier.

Op eiser Internetsäit https://ljbm.lu/inscriptions/ steet, wat fir eng Dokumenter a Piècen datt s du muss ofginn, fir dech am LJBM anzeschreiwen. Wann s du alles zesummen hues, kanns du däi kompletten Dossier am Schülersekretariat ofginn oder mat der Post eraschécken, dëst bis allerspéitstens den 1. Juli.