ACTUALITÉ

Portes Ouvertes 2021

Léif Schüler aus dem 4.2, Léif Elteren, besicht eis w.e.g. op eiser virtueller Porte ouverte ab dem 15. Mee hei ënner www.ljbm.lu. Weider...

Sabordage!

En collaboration avec le Kinneksbond, les élèves du Lycée Josy Barthel Mamer ont repris la thématique du spectacle “Sabordage” et...

LJBM Klasseprojet

Am Laf vum 2. Semester fënnt op sämtleche Klassen am LJBM e Klasseprojet statt, e Projet souwuel mat enger sozialer...

Wëllkomm am Lycée Josy Barthel zu Mamer!


De Lycée Josy Barthel Mamer ass eng ëffentlech Schoul mat 1350 Schüler aus ville verschiddenen Nationalitéiten, déi am Alldag alleguerte Lëtzebuergesch matenee schwätzen. Mir hu säit Joere ganz gutt Resultater an den Ofschlossexamen an och bei nationale Concoursen. 

Dëst Joer hu mir eis en neie Motto ginn: “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft”. 

Du gëss hei gutt encadréiert, du fënns hei eng breetgefächert an interessant Offre scolaire, du gëss hei geléiert, wéi s du autonom a selbststänneg kanns schaffen a léieren.
D’Natur ass eis wichteg. Dofir probéiere mir, d’Schüler am Alldag fir d’Natur ze sensibiliséieren, an och esou ze liewen an als Schoul ze funktionéieren, datt den Impakt op d’Natur esou geréng wéi méiglech ass. 
D’Wëssenschaft ass op all eise Sektiounen omnipresent, an dat souwuel am Enseignement secondaire classique, am Enseignement secondaire général wéi och an der Formatioun professionnelle. 

De Lycée Josy Barthel Mamer huet eng flott Infrastruktur mat senger eegener Piscine a ville Méiglechkeete fir Sport ze maachen, dat souwuel dobaussen wéi och dobannen. Mir hunn een eegene Biotop, een eegenen naturnoe Park an och de Mamerdall ass ganz nobäi. 

Schreif dech bei eis an, ech freeë mech op dech! 

 

Claude Christnach

Direkter vum Lycée Josy Barthel Mamer

OFFRE SCOLAIRE

1362
élèves inscrits
6
types d'enseignement
171
enseignants
7
spécialisations