Schoulfest 2024

 

 

A wéi eng Aktivitéite kanns du dech aschreiwen?

 

Sport an Danz:

  • Mountain Bike Tour
    Wann s du dech fir de Vëlossport interesséiers, da maach mat op dëser erliefnisräicher Tour duerch d’Natur!
  • Ninja Parcours
    Challenge deng kierperlech a mental Stäerkt mat spektakulären Hindernisser an Erausfuerderungen
  • Leisure Games (Cornhole, Spikeball, Disk-Golf,…)
    Hei kanns du vill verschidde Fräizäitspiller entdecken an deng Matschüler challengen.
  • Flamenco
    An dësem Atelier kriss du en Abléck an d’Welt vum Flamenco. De Flamenco ass en traditionellen Danz aus Andalusien, enger Regioun am Süde vu Spuenien. Dësen Danz zeechent sech duerch rhythmesch Foussbeweegungen an elegant Aarm- an Handbeweegungen aus.
  • Salsa
    Salsa ass e latäinamerikaneschen Danz, dee vill Danzaarten aus verschiddene Kulture vermëscht.
  • New Games
    New Games ass en Atelier, an deem flott a gruppendynamesch Spiller ugebuede ginn. Et gëtt kee Verléierer.
  • Waasservolleyball-Tournoi fir de cycle supérieur
    Mell deng Ekipp (6-7 Spiller) un. Den Teamkapitän mellt sech eleng iwwert de Formulaire ënnert dësem Text un, a schreift an d’Remarque, wee seng Matspiller sinn.  
  • Dodge Ball-Tournoi fir de cycle supérieur
    Mell deng Ekipp (6-7 Spiller) un. Den Teamkapitän mellt sech eleng iwwert de Formulaire ënnert dësem Text un, a schreift an d’Remarque, wee seng Matspiller sinn.  

 

Kreativitéit a Konscht:

  • Makramee
    Am Makramee-Atelier kanns du deng Kreativitéit an deng Fangerfärdegkeet testen. Du hues d’Méiglechkeet e Schlësselunhänger, eng kleng Deko oder e flotte Bracelet ze maachen.
  • Theaterworkshop
    Du wollts schons ëmmer eng Kéier op enger Bün stoen? Du wëlls wësse wéi d’Prouwe vum Theatergrupp vum LJBM oflafen? Da komm an den Theateratelier: Diktioun, Kierpersprooch, Mimik, Improvisatioun, …hei kriss du en Abléck an d’Welt vum Theater.
  • Art & Architecture
    Wëlls du wësse wéi eng Bréck funktionéiert oder wat Architektur a Konscht gemeinsam hunn? Da mell dech un! Hei kanns du eng Bréck bauen an dech kënschtleresch mat Brécke beschäftegen. Du kanns och d’Cyanotypie (Art a Foto) kenneléieren an domat flott architektonesch Biller/ Fotoe gestalten.
  • Welt vun de Brécken
    Wëlls du wësse wéi eng Bréck funktionéiert oder wat Architektur a Konscht gemeinsam hunn? Da mell dech un! Hei kanns du eng Bréck bauen an dech kënschtleresch mat Brécke beschäftegen. Du kanns och d’Cyanotypie (Art a Foto) kenneléieren an domat flott architektonesch Biller/ Fotoe gestalten.
  • Fotoatelier
    Wann s du schonn ëmmer wollts Technike léiere fir ästhetesch Fotoen ze maachen, da mell dech am Fotoatelier un.
  • Curly Hair
    Hei léiers du wéi s du deng krauseleg Hoer am Alldag style kanns. Mir bréngen dir Tipps an Tricker bäi, vun den Hoerproduiter bis bei d’Accessoiren.
  • Fair World
    Maach mat bei desem interaktive Spill voller Iwwerraschungen an Entdeckungen.  A Gruppen opgedeelt trëtt dir géindeneen un fir d‘Ongläichheeten op eisem Planéit opzedecken an e besseren Abléck an d‘Welt vum fairen Handel a Konsum ze kréien.

 

Fräi Atelieren (an dës Ateliere brauchs du dech net unzemellen)

  • Fifa Tournoi
    E Fussballtournoi fir jiddereen
  • 1. Hëllef Team
    Léier wéi s du an enger Situatioun handels, an där éischt Hëllef gefrot ass.
  • Schach
    Beweis deng Stategiekentnisser am Schach!

 

 

 

  •  

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes