Zwéi Schüler fir een Trimester am Ausland

Publié le 25/04/2013

Den Daniel Dupont (11TG) an de Kevin De Lima (4CM1) hunn dat ganzt 1. Trimester an enger Partnerschoul vum LJBM am Ausland verbruecht. Déi zwéi Schüler aus dem LJBM hu matgemaach beim Comenius-Programm “Mobilité individuelle des Elèves”, dee vun der Europäescher Kommissioun ennerstëtzt gëtt.

Den Daniel Dupont war fir een Trimester Schüler am “College O.-L.-V. Ten Doorn” zu Eeklo an der Belsch. De Kevin de Lima war während deser Zäit am “I.E.S. Escultor Juan de Villanueva” zu Pola de Siero (Spuenien) an der Schoul.

Gläichzäit hate mir och zwéi Schüler aus Spuenien op Besuch zu Mamer. De Jaime Rodriguez an d’Rebeca Lapuerta waren dräi Méint zu Mamer op der 4e ageschriwwen, an hu während hirem Openthalt bei de Famillen vun zwou Schülerinnen aus dem LJBM gewunnt.

[Méi]

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes