Wunne mat der Wooltz Deel 2

Publié le 27/09/2022

“Wunne mat der Wooltz”, 2. Deel. Och eis A3D-Schüler vun der 3e an der 4e hu flott Projeten ausgeschafft; bei hinne war de Sujet fir d’4e e Raumkonzept z’erstellen a fir d’3e sech e Mehrraumkonzept mat méi Funktiounen auszedenken. Erauskomm sinn heibäi ganz flott Aarbechten, hei e puer Impressiounen. 😊
NB: Wien sech selwer en Androck vum Talent vun eise Schüler verschafe wëll, kann dat nach bis de 27.9. am Forum d’art contemporain Casino an der Stad maachen! 👈 😀