Viva Colonia!

Publié le 07/07/2022
De 24. a 25. Juni 2022 sinn d’Schüler aus der 5CCL2 a Begleedung vun hirer Regente, der Mme Krier, an hirer Latäinproff, der Mme Linster, op Köln gereest. Do hu si zwee flott Deeg verbruecht. Am Römisch-Germanischen Museum konnte si d’Kleeder vun de Réimer probéieren an am Schockelasmusée hu si vill Schockela ze schmaache kritt. Donieft stoung och nach een interaktive Rallye duerch d’Alstad vu Köln um Programm. Natierlech hunn och eng Visitt vum Doum an ee Shoppingtour net dierfen um Programm feelen. D’Schüler esou wéi och d’Proffen hate vill Spaass op dëser klenger Rees. Viva Colonia!

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes