De 5. a 6. Mee waren 30 Schüler vun den 2e- a 1ère-Klassen aus dem Génie Civil op Basel. Um Programm stoung d’Visitt vun der “Swissbau”, enger grousser Schwäizer Baumesse, an dem Vitra Campus, engem Miwwelkonzern, deem seng verschidde Produktiouns- an Ausstellungsgebaier vun international bekannten Architekte gebaut sinn, ergänzt mat verschiddene Skulpturen a Parkanlagen. Dertëscht blouf nach Zäit fir d’Entdecke vum historeschen Zentrum vu Basel esou wéi vun e puer bekannten zäitgenëssesche Gebaier do ronderëm.