Visitt vum Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof

Publié le 30/09/2024

De leschte Freideg hu sech ronn 120 Schüler mat hire Proffen op eng beweegend Rees an d’Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof gemaach. Dës Plaz, déi mat esou vill Leed verbonnen ass, huet hinnen all d’Méiglechkeet ginn, iwwer déi schrecklech Vergaangenheet nozedenken a sech e Bild vun deene Mënschen ze maachen, déi am meeschten ënner dem Nationalsozialismus hu misse leiden. D’Schüler hunn erkannt, wéi wichteg et als Gesellschaft ass, d’Erënnerungen un déi däischter Zäit waakreg ze halen, fir weiderhin doraus léieren ze kënnen.
Loosst eis gemeinsam dofir suergen, datt Toleranz, Inklusivitéit a Villfältegkeet och an Zukunft wichteg Wäerter vun eiser Gesellschaft bleiwe wäerten.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.