Visitt an d’Stad 6C3

Publié le 13/07/2022

Den 8. Juli sinn d’Schüler vun der 6C3 an d’Stad gefuer, fir do eng interessant Visite guidée ze machen. Et goung lass um Kierchbierg bei der Philharmonie, dono laanscht de Musée 3 Eechelen a mam Funiculaire erof an de Pafendall. No enger Ofkillung beim Théiwesbuer goung et duerch de Park Odendal bei d’Muerbelsmillen, wou d’Schüler erkläert kruten, wei fréier de Moschter gemaach gouf. Duerno si si mam Lift erop an d’Stad gefuer, fir op der Kinnekswiss ze picknicken. An zum Schluss haten si nach e bëssi Fräizäit, fir am Stadzentrum ze shoppen oder eng Glace z’iessen. Et war ee flotten an interessanten Dag an ee schéinen Ofschloss vum Schouljoer.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes