VISITE VUN DER 2BC ZU STROSBUERG

Publié le 08/01/2018

D’Schüler vun der 2BC ware mat hire Proffen Nathalie Hoffmann a Claude Lorang Strosbuerg besichtegen. No enger Visite vum Europäesche Quartier, dem Parlement Européen, dem Palais Des Droits de L’Homme an dem Palais De L’Europe, si mir duerch d’Orangerie mat sengem Zoo an de Quartier vun der Uni gaangen. D’Gréisst vun engem Amphi an der Uni huet de Schüler nawell imponéiert. No enger klenger Stäerkung hu mer mat engem Tour um Bateau mouche den Iwwerbléck vun der Stad kritt. Natierlech huet d’Visite vum wonnerbare Chrëschtmaart zu Strosbuerg och net däerfte feelen. Claude LORANG – 01/2018