VISITE VUM CENTRE CULTUREL ISLAMIQUE VU MAMER
Publié le 06/06/2016De 9. Mäerz hunn d’Schüler vun der 8STP1 am Kader vun hirem Sciences sociales-Cours de Centre culturel islamique vu Mamer besicht. Si kruten op der Plaz allgemeng Erklärungen zum Islam, enger Relioun, iwwer déi zur Zäit vill an de Medie geschwat gëtt, iwwer déi di wéinegst awer wierklech Bescheed wëssen. Hei kruten d’Schüler d’Geleeënheet de Koran méi genau ënner d’Lupp ze huelen. Ausserdeem konnten si an der Moschee bei engem Gebiet derbäi sinn.