VISITE VU STROSBUERG

Publié le 02/07/2017

D’Schüler vun der 11PS an hir Proffen Anouk Meyer a Claude Lorang haten d’Geleeënheet Strosbuerg ze besichen.

Bei wonnerbarem Wieder si mir fir d’éischt de Quartier européen mam « Parlement européen », dem « Palais des droits de l’homme » an dem « Conseil de l’Europe» besiche gaangen. Duerch de schéine Park, der « Orangerie », si mir eis dunn d’ « Université de Strasbourg » ukucke gaangen. Duerno, no enger Visite vum Zentrum vun der Stad a vun der Kathedral, hu mir eis déi schéi Stad nach eng Kéier vum Waasser aus ugekuckt, andeems mir mat engem Boot iwwert de Floss Ill ronderëm de Stadkär gefuer sinn. Natierlech huet e klengen Tour duerch d’ «Petite France », den historesche Quartier vu Strosbuerg mat senge mëttelalterleche Fachwierkhaiser, nët däerfe feelen. Mir wäerten alleguer schéin Erënnerungen un deen Dag behalen. CLaude LORANG & Anouk MEYER – 06/2017

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.