VISITE ARMEE

Publié le 15/05/2018

De 15. Mee sinn interesséiert Schüler vun eise 9èmen op den Härebierg gefuer, fir sech een Abléck an eis Lëtzebuerger Arméi ze verschafen. Et ass ugaang mat enger klenger Presentatioun am Festsall. Duerno hunn eis Schüler no 30 Pompelen op engem Schéissstand hir Treffsécherheet konnten testen an hunn laut eisen Zaldoten richteg gutt ofgeschnidden. Gutt, datt si virdrun eng kleng Stärkung (Lëtzebulli) kritt hunn! Bei deene vereenzelte Stänn hu si déi verschidden Aarbechtsberäicher virgestallt kritt, bei deenen een nom Härebierg gutt Chancen huet, fir kënnen eng Aarbecht ze fannen (Police, Douane etc.). No der Aktivitéit „Self-Defense“ an no enger flotter Probefahrt mat hieren Dingoen an Hummeren hu mir eis dann um 15h00 ërem op de Wee zréck an de Lycée gemaach. Tessy MERSCH – 05/2018

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes