VACANCES SCOLAIRES

Publié le 16/07/2018

Suivant le règlement grand-ducal du 23 juillet 2016, les vacances et congés scolaires en 2017/2018, 2018/2019 et 2019/2020 suivent les calendriers suivants.
Déi éischt 35 km a 437 Hm vu Chrëschtnech op Mamer (bei schéinem Wieder a naasse Beschweeër) si gepackt. Domat dierft d’Direktiounsteam “Josy bikes” am Moment vir leien. Mir wënschen all den Equipen vill Spaass um Velo!
NEWSLETTERS N°1 – 2
WORKSHOP “BDen, Comics a Videoen zum Thema Nohalteg Entwécklung selwer entwerfen”
Am Kader vum Josy Helps! plange mir an deenen nächste Wochen eng Sensibiliséierungscampagne zum Thema “Nohalteg Entwécklung” bei eis am LJBM ze lancéieren. Dofir luede mir jiddereen, deen interesséiert ass, e Méinden, den 30.4., vu 14h20-16h fir e Workshop an d’Cantine an. Hei kanns du selwer aktiv ginn, déng Iddien zum Ausdrock bréngen a léiere cool a witzeg BDen, Comics a Videoen zu den ënnerschiddlechsten Themen (Offall, mam Velo an d’Schoul, Papeierverschwendung, Recycling, …) ze gestalten. Dëse Message riicht sech un 1. Stell un d’Josy-Ëmwelt-Spezialisten, mee jiddereen, deen interesséiert ass, ass wëllkomm. Wann dir nach Froen hutt, zéckt net iech ënner der E-Mail-Adress pe@ljbm.lu ze mellen. D’Josy Helps!-Team – 04/2018
D’„Journée de la solidarité“ 2018 – erëm e grousse Succès
Am Kader vun eisem neie Projet d’établissement „Josy Helps!“ huet en Dënschden, 27. Mäerz, vun 8h15-11h50 eis 2. „Journée de la solidarité“ statt fonnt. Iwwer 30 Organisatiounenaus den ënnerschiddlechste Beräicher hunn deen Dag am LJBM Atelieren, Konferenzen an Ausstellunge presentéiert. Donieft konnte mir och dëst Joer erëm eisen traditionellen „Charity Run“ an e „Faire Breakfast“ ubidden. Dëse méi speziellen Dag soll deene Jonken net nëmmen d’Méiglechkeet bidden e Bléck iwwert den Tellerrand ze werfen an eis Welt besser ze verstoen, mee si och léieren hiert Konsumverhalen an hir Roll an eiser Gesellschaft kritesch ze hannerfroen. Alles nom Motto: „solidaresch sinn – Verantwortung iwwerhuelen – sech engagéieren“. D’Josy Helps!-Team – 04/2018 – émission 100.7
——————————————
Du wëlls dech gäre fir eis Ëmwelt asetzen, weess awer net richteg wéi a wou? Du géifs gären eppes fir de Schutz vun eisem Planéit maachen, mengs awer du eleng kënns näischt bewierken? Du hues vläicht esou guer e puer konkret Iddien, dir feelt awer déi néideg Ënnerstëtzung? Oder du wëlls einfach besser informéiert ginn zum Thema „Nohalteg Entwécklung“?
Mir siche Schüler, déi interesséiert wieren, zu eisen „Josy-Ëmwelt-Spezialisten“ ze ginn an un där enger oder anerer Aktivitéit zum Thema „Nohalteg Entwécklung“ deelzehuelen: Workshops, Visitten, op d’Bee setzen vun enger Sensibiliséirungscampagne a Form vu selwer gedréite Videoen, selwer entworfenen Affichen a BDen, Organiséiere vu verschiddenen Events, …
Wann s du interesséiert bass oder méi wëlls wëssen, dann komm op eist Kick-Off-Treffen dëse Freiden, 9. Mäerz, vun 10h10-11h50 am D006. D’Josy Helps!-Team – 03/2018
——————————————
E Bléck ronderem eis geet duer, fir festzestellen, datt un all Ecken Hëllef dréngend gebraucht gëtt, sief et bei eis am Lycée, am Land oder soss op der Welt. Zanter der éischter Stonn huet ons Schoul an deem Sënn sozial Projeten initiéiert, déi etleche vun ons et erméiglecht hunn, e Bléck iwwert den Tellerrand ze werfen. Mir wëllen an Zukunft versichen, dës vielfälteg Projeten zum engen Deel z’initiéieren an duerchzeféieren, mee zum aneren Deel och ze koordinéieren, fir e roude Fuedem an d’Organisatioun vun deenen eenzelne Projeten oder Aktivitéiten ze kréien. Jiddereen aus eiser Schoulcommunautéit soll sech op eng einfach Art a Weis iwwert déi aktuell Organisatiounen informéiere kënnen an natierlech och säin Deel dozou bäidroe kënnen. Ee wichtegen Deel vum Projet “Josy Helps!” soll et och sinn z’ informéieren an ze sensibiliséieren duerch Workshops, Visiten um Terrain, Rencontren mat Vertrieder vun ONGen an ASBLen. Deemno de Motto vun onsem Projet: Solidaresch sinn – Verantwortung iwwerhuelen – Sech engagéieren. Sandra FRATINI – 01/2017

Chaque semaine, les élèves du régime classique et du régime technique ont la possibilité de s’inscrire pour des cours d’appui en mathématiques, en allemand, en anglais, en français et en latin.
Notre lycée organise des études surveillées pour tous les élèves. Ces études fonctionnent du lundi au vendredi de 14h20 à 16h00.
Formulaire d’inscription 1er trimestre – 2e trimestre – 3e trimestre
Notre lycée organise des activités sportives ou autres pour tous les élèves. Vous pouvez y inscrire votre fils/votre fille pendant la pause de midi ou après les cours (14h20-16h00).
Multisports – Football – Escalade – Tennis de table – Badminton – Dodgeball – Mountainbike – Fit for snow – Natation non-nageurs et rattrapage – Unihockey – Parkour – Théâtre – Lëtzebuergesch Orthographie – Cyber – Orchestre “Meindeschaoten” (Band) – Chorale “Josy S(w)ings” – Bitzatelier – CV & lettre de motivation – Aide au dossier pour sections artistiques – Shaolin Power Qi Gong – Kung Fu – Meditation – Dactylographie – Schach-Math – …
NOUVEAU: Discovering American Culture
FORMULAIRE D’INSCRIPTION – DESCRIPTIF
Du bass kreativ a gëss mat den neie Medien gutt eens? Da maach mat a realiséier e kuerze Clip iwwer déi 10 Tabletgesetzer, déi mir am LJBM hunn. De beschte Video gëtt mat engem Präis ausgezeechent a bei der Rentrée an der ganzer Schoul gewisen.De Clip soll déi 10 Tabletgesetzer duerstellen, egal a wéi enger Form a Stil. D’Haaptsaach ass, dass mir de Video dono weise kënnen an dass e fir jiddereen verständlech ass. Tabletgesetzer fannt dir op der Internetsäit vum LJBM.
Ween däerf matmaachen?
All Schüler aus dem LJBM (fakultativ) an op mannst 2 Schüler pro iPad-Klass. Dir kënnt iech eleng oder als Grupp umellen
Dauer vum Clip: ongeféier 90 bis 270 Sekonnen
Sujet: déi 10 iPad-Gesetzer
Support: Videoclip, stopmotion, greenscreen…
Remise vum Clip: den 28. Juni 2018 um 16.00 (schéckt e Link vum Video via Outlook op lydia.alegria@education.lu)
D’Präisiwwerreechung fënnt den 9. Juli beim Direkter am Bureau statt. Lydia ALEGRIA – 05/2018
Afin d’encourager ses élèves à progresser dans l’apprentissage de la langue française, le LJBM a décidé, pour la 2ème année consécutive, de faire bénéficier la majorité de ses classes du PROJET VOLTAIRE dans leurs cours de français respectifs. Il s’agit d’une application pédagogique téléchargeable sur iPad ou smartphone qui permet aux élèves de travailler la grammaire et l’orthographe françaises de façon méthodique et ludique à la fois. À la fin de l’année scolaire, les progrès des élèves seront évalués et les efforts récompensés par une certification officiellement reconnue. Le LJBM est donc fier d’afficher dès à présent son macaron d’établissement engagé! Véronique PRIM – 11/2017
Allgemeng Informatiounen zum iPad-Projet “one2one”, un deem den LJBM deelhëlt: www.one2one.lu
Problemer allgemenger Natur? Schéckt w.e.g. eng Email un: ipad@ljbm.lu

Handelt et sech ëm en Hardware-Problem (gebrachenen Display z. B.)? Huelt Iech w.e.g. e RDV beim Centre de gestion informatique de l’éducation ënnert:
https://portal.education.lu/cgie/CLASSES-IPAD/SUPPORT
Afin de se connecter au réseau WIFI Eduroam il suffit de lire les instructions de la page :
http://portal.education.lu/services/eduRoam

La salle informatique D005 est accessible aux élèves qui souhaitent travailler, faire des recherches, …
LUNDI de 11h50 à 12h40 et de 12h40 à 13h30
MARDI, MERCREDI et JEUDI de 11h50 à 12h40
Règlement grand-ducal du 21 août 2017 modifiant le règlement grand-ducal modifié du 14 juillet 2005 déterminant l’évaluation et la promotion des élèves de l’enseignement secondaire technique et de l’enseignement secondaire
MANUELS SCOLAIRES pour les classes de 7e ES et 7e ST
MANUELS D’ANGLAIS pour les classes de 8STP, 9STP et 10PS/TG
Nouveau transport scolaire de la commune de Steinfort à partir du lundi 18 septembre 2017 – RGTR 331 Kahler – Steinfort – Mamer Lycée – Horaire – Tracé
L’association créée en 2015 a pour but de défendre les intérêts de ses membres, de promouvoir la renommée du lycée, d’informer les élèves sur leurs études et la vie professionnelle et d’organiser des activités sociales et culturelles. Pour devenir membre de l’association, il suffit de virer la cotisation annuelle sur le compte CCPL LU63 1111 7034 9854 0000 avec la mention “AAALJBM année nom prénom”. La cotisation annuelle s’élève à 10€ pour les étudiants et à 20€ pour toutes les autres personnes. Tout don supérieur sera évidemment hautement apprécié.
Facebook – Formulaire d’inscription
Mir haten de 26. Mäerz eng immens flott Inauguratioun vun eisem Informatiounsstand an der Belle Etoile. No engem sympatheschen Wëllkomm vum Direkter vun der Belle Etoile, dem Manu Konsbruck, an dem Manager vum Cactus-Groupe, dem Laurent Schonckert, hun den Här Educatiounsminister Claude Meisch, d’Madame Staatssekretärin fir d’Ekonomie Francine Closener an eisen Här Direkter Claude Christnach déi richteg Wierder fonnt, fir eis nei Schouloffer A3D (enseignement général), d’G-URBS an d’G-LENGUAS (enseignement classique) ze beschreiwen an z’encouragéieren. Maacht Är Préinscriptioun fir déi nei Sektiounen; d’Plazen si begrenzt! Article Journal du 27/03/2018
Fir déi zweete Kéier elo huet de Paperjam Club, am Kader vun hiren 10×6 Architektur Konferenzen, dräi vun eise Schüler erméiglecht dobäi ze sinn. An der Luxexpo konnte si en aktuellen Abléck an urbanistesch an konzeptuell Projeten, betreffend d‘Thematik “Innovation & Sustainability”, kréien. D’Orateuren an de Public woren professionell Persounen vum nationalen Bausecteur an eis Schüler haten d’Méiglegkéet, sech no der Konferenz mat hinnen auszetauschen. Satu CORKE – 04/2018
La classe T3GC1 a effectué une visite à la fondation d’architecture avec leur professeur Chrëscht Cornette pour explorer les belles maquettes des bâtiments connus de notre pays. Chrëscht CORNETTE – 03/2018
En date du lundi 5 mars 2018, à l’occasion d’une soirée d’information destinée aux parents d’élèves de la commune de Mamer, les enseignants du cycle 4 de l’école fondamentale de Mamer-Capellen ont eu un excellent échange avec des titulaires des classes de 7e du LJBM en présence du président du comité d’école, M. Marc Thommes et le directeur du LJBM, M. Claude Christnach. 03/2018
Den 29. Mäerz hu mir eis gefreet, den Här Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt Camille Gira an der Belle Etoile op eisem Informatiounsstand z’empfänken. Den Här Direkter Claude Christnach huet dem Här Gira déi nei Schoulofferen A3D (enseignement général ) an URBS (enseignement classique) virgestallt. Begeeschtert an interesséiert huet den Här Gira eis encouragéiert an eis zukünftegt Schüler invitéiert, déi aktuell ëffentlech Bauten, déi am Sënn vun der Nohaltegkeet geplangt goufen, ze besichen. Satu CORKE – 04/2018
Vendredi, 23 mars les élèves de la 3e CBC ont eu l’occasion d’aller voir la pièce de théâtre « Tartuffe » de Molière au Centre culturel Kinnéksbond à Mamer. Ayant analysé différents textes de Molière durant le 2e trimestre en classe, cette représentation leur a permis de voir une mise en scène très réussie de Jean de Pange, dans laquelle l’actualité des textes de Molière est bien exposée. Même l’emploi des vers réguliers de 12 syllabes (des alexandrins) était brillamment utilisé par ces acteurs du groupe Astrov, venant de France. Bref, les élèves ont passé un moment agréable au théâtre qui a en plus permis de rendre concrète la matière vue en classe au cours du trimestre. Françoise CHRISTNACH – 03/2018
Our 2CB and 2CC won the first prize in the “cycle supérieur” category of the “Concours jeune journaliste” for their video “Stranger Things of Luxembourg”. The video illustrates the quirks of the Grand-Duchy of Luxembourg and its population. Follow the link below to watch their video. Diane NEISES – 03/2018
Vendredi, 23 mars les élèves de la 3e CBC ont eu l’occasion d’aller voir la pièce de théâtre « Tartuffe » de Molière au Centre culturel Kinnéksbond à Mamer. Ayant analysé différents textes de Molière durant le 2e trimestre en classe, cette représentation leur a permis de voir une mise en scène très réussie de Jean de Pange, dans laquelle l’actualité des textes de Molière est bien exposée. Même l’emploi des vers réguliers de 12 syllabes (des alexandrins) était brillamment utilisé par ces acteurs du groupe Astrov, venant de France. Bref, les élèves ont passé un moment agréable au théâtre qui a en plus permis de rendre concrète la matière vue en classe au cours du trimestre. Françoise CHRISTNACH – 03/2018
De 9. an 10.3. hu sech knapp 90 Leit aus dem Lycée Josy Barthel vu Mamer fir zwee Deeg Formation continue an de Sporthotel Leweck zréckgezunn. Encadréiert duerch extern Formateuren (wéi z. B. EDUTEC, BEE-Secure, den Här Alain Hoffmann oder den Här Pierre Weissgerber) an awer och intern Experten hunn d’Memberen vum Personnel enseignant an administratif an d’Direktiounsequipe un hiren “digital skills” geschafft. Am Mëttelpunkt vun dëser Formatioun stung de prakteschen Ëmgang mam Office365 a mam iPad. De Lycée Josy Barthel Mamer versicht sech esou op eng ëmmer méi digital Welt anzestellen an de Schüler dat bescht Ëmfeld fir hir perséinlech Entwécklung ze bidden. Jean-Luc GLEIS – 03/2018 – Article LW du 17/04/2018
Inspiré de Sommers Weltliteraturen to go, les élèves de la 2ème B, C du LJBM ont réalisé ensemble avec leur professeur de français Fiorucci Andrea un projet littéraire nommé « Zola goes Playmobil » grâce auquel tout fervent spectateur redécouvre 4 œuvres majeures d’Émile Zola entièrement reconstruites. L’interprétation a été faite à l’aide de figurines et le style particulier de chaque groupe est palpable. Métalepses, anachronismes, décalages sonores, jeux de mots sont autant de procédés usités pour susciter la curiosité. Il ne nous reste qu’à vous souhaiter un agréable visionnage ! Andrea FIORRUCCI – 03/2018
GERMINAL – LA BÊTE HUMAINE – AU BONHEUR DES DAMES – L’ASSOMMOIR
Im Lycée Josy Barthel kannst du die Grundlagen der Vermessung, die Einsatzmöglichkeiten der gängigsten Instrumente sowie die wichtigsten alltäglichen Aufgaben der Vermessung kennenlernen. Du bekommst Antworten auf die Fragen: Wie funktionieren die Instrumente? Was muss ich beim Messen mit einem Nivellier beachten? Wie wirken sich Instrumentenfehler aus, wie erkenne, bestimme und eliminiere ich sie? Wie löse ich einfache Vermessungsaufgaben? Romy KARIER – 02/2018 – VIDEO
19 janvier 2018 : Visite du site sidérurgique d’Esch-Belval, organisée par l’ingénieur-enseignant Chrëscht Cornette. Les enseignants du LJBM étaient fascinés par le monde métallurgique actuel. Nadine KNEIP – 01/2018
L’élève Sara Fernandes de la classe de 4CCL1 est l’heureuse gagnante du concours “Roadshow Quiz” organisé par l’initiative “hellofuture.lu” en date du lundi 26 février 2018 dans la salle des fêtes du LJBM. Le prix, une imprimante photo, a été remis à Sara par Monsieur le directeur Claude Christnach, qui a félicité Sara de son premier prix. 02/2018
Dëse Méindeg, 26. Februar, waren d’Schüler vun der 2eB/C am Kader vum Programm „Ecole Ambassadrice de l’Union Européenne“ um Kierchbierg am Bâtiment Robert Schuman, fir um Evenement „EU4Youth“ deelzehuelen. Hei hate si d’Méiglechkeet, hire Projet vun enger Internetplattform fir Jonker, déi Seancen vum Europaparlament soll op informativ a witzeg Aart a Weis resuméieren, de sechs lëtzebuergeschen Europadeputéierten virzestellen. Gemeinsam mat 20 anere Schoulen konnte si iwwert de Moien en Austausch mat den Deputéierten iwwert hir Iddien féieren. An deem Sënn hunn d’Deputéiert sech bereet erklärt, déi eng oder aner dovun am Europaparlament ze proposéieren. Yves MEYER – 02/2018 – Facebook
Ce mercredi 31 janvier, le dessinateur luxembourgeois Andy Genen a animé pour nos élèves un workshop sur la BD. Ils ont pu ainsi découvrir non seulement l’histoire de la BD – allant des fresques rupestres jusqu’aux superhéros animés actuels – mais aussi apprendre comment concevoir une BD de l’idée au produit final. Le 1er février, les élèves ont conçu leur propre planche dans le cadre d’un workshop pratique… et numérique! Lydia ALEGRIA – 01/2018
PLANCHES DES ELEVES: 01, 02, 03, 04, 05, 06, 07, 08 et 09
Am Lycée Josy Barthel Mamer ass ee vun de groussen Ziler vum aktuellen projet d’établissement „Josy Helps!“, sech ëm humanitär Hëllef ze këmmeren, net nëmmen am Ausland, mee och zu Lëtzebuerg. Zu dësem Zweck hat de schoulinternen Workshop Marrakesh, an Zesummenaarbecht mam Schüler- a Elterecomité an e puer Enseignanten, d’lescht Joer een Dîner de Nouvel An mat franséischer Kichen organiséiert, bei deem vill Suen zesummekoumen. De schéine Betrag vun 3650€ ass elo un de Fonds de Solidarité gespent ginn. Ee klengen Deel vum Erléis ass bei d’Finanzéierung vun enger Rees op Marrakesch bäigeluecht ginn, fir déi Schülerinnen a Schüler aus dem LJBM ze belounen, déi vill Aarbecht an Zäit an d’Organisatioun vun engem ganz besonneschen kulinareschen Owend investéiert haten. Bob LEURS – 01/2018 – Article LW
Ët ass de 6. Oktober, wou sech éischtmools Schüler a Proffen aus dem Lycée Josy Barthel mat Mataarbechter vu Greenpeace zesummegedunn hunn, fir eise Planéit ze retten. Nämlech ass “Save Our Project” den Numm vun der Optioun, déi et sech zur Aufgab gemaach huet, innerhalb vum dësjährëge Projet eng Solarstation ze konstruéieren. Dës Powerbank soll dofir suergen, dass Schüler aus dem Mamer Lycée zukünfteg hiren Handy op direktem Wee mat Solarenergie oplueden kënnen. Zu dësem Zweck hu mir eis Optioun an zwou Gruppen agedeelt: Déi eng ass den Atelier, wou den eigentleche Projet réaliséiert soll ginn, andeems d’Schüler dem Bau vun der Powerbank noginn; déi aner ass d‘Kommunikatioun, déi d’Zil huet, de Projet der Baussewelt méi no ze bréngen. Um Projet bedeelegt sinn d‘Schüler vun der Troisème, der Deuxième an der Première, d’Proffen Jacques Pir, Théid Betz an Esther Herr, an zu gudder Lescht d‘Martina Holbach an de Fränk Tinnes vu Greenpeace, déi eis ëmmer Denkustéiss ginn a bei der Organisatioun matwierken. 2B/3CC – 01/2018 – BLOG – Article LW du 02/02/2018
De 6. Oktober hu sech éischtmools Schüler a Proffen aus dem Josy Barthel mat Mataarbechter vu Greenpeace zesummegedinn, fir eise Planéit ze retten. Nämlech ass “Save Our Project” den Numm vum Optiounscours, deen et sech zur Aufgab gemaach huet, innerhalb vum dësjähregen Projet eng Solarstation ze konstruéieren. Dës PowerBank soll dofir suergen, dass Schüler aus dem Mamer Lycée zukünfteg hiren Handy op direktem Wee mat Solarenergie oplueden kënnen. Zu dësem Zweck hu mir eis Optiounsklass an zwou Gruppen agedeelt: Déi eng ass den Atelier, wou den eigentleche Projet réaliséiert gi soll, andeems d’Schüler dem Bau vun der PowerBank noginn; déi aner ass d’Kommunikatioun, déi d’Zil huet, de Projet der Baussewelt méi no ze bréngen. Um Projet bedeelegt sinn d’Schüler vun der Troisème, der Deuxième an der Première souwéi d’Proffen Jacques Pir, Théid Betz an Esther Herr, an zu gudder Lescht d’Martina Holbach an de Fränk Tinnes vu Greenpeace, déi eis ëmmer Denkustéiss ginn a bei der Organisatioun matwierken. Esther HERR – 11/2017
Lundi, le 4 décembre 2017, les classes de 1re et de 2e de la section C de l’enseignement secondaire classique du Lycée de Mamer ont eu l’occasion de pouvoir se glisser pour une journée dans le rôle de jeunes chercheurs au ScienteensLab du Luxembourg Center of System Biomedecine (LCSB) de l’Université à Belval. Sous le thême de: „ E. coli on the tanning bed“, les élèves ont analysé l’effet néfaste des rayons UV du soleil sur l’ADN bactérien. Ils ont ainsi utilisé des techniques du génie génétique pour effectuer des travaux de laboratoire comme l’extraction d’ADN, la PCR, l’électrophorèse… Les élèves étaient accompagnés par leurs professeurs de biologie Mme Tania SIMON et M. Jacques PIR. Jacques PIR – 01/2018 – PHOTOS
D’2GGE, d’2B/C souwéi d’T3GC1 an d’T3GC2 woren Enn November op Bréissel fir eng Visite vum Europaparlament ze maachen. Den 23. an den 29. sinn déi véier Klassen op frëndlech Aart a Weis vum lëtzebuergeschen Europadéputéierten Charles Goerens empfaange ginn. Um Programm stoungen ënner anerem eng Visite vum Hémicycle souwéi eng Konferenz mam Monsieur Goerens. Hei haten d’Schüler d’Méiglechkeet, Froen ze stellen iwwert den Fonktionnement vun der Unioun, d’Roll vum Parlament, mee och fir hir eegen politesch a sozial Visiounen matzedeelen. E grousse Merci un de Charles Goerens an seng ganz Equipe fir dës Méiglechkeet. Yves MEYER – 01/2018
Dans le cadre d’une réunion d’information pour les élèves intéressés à participer en 2018 au projet Erasmus+ du LJBM, des certificats « Europass Mobilité » ont été remis le 21 novembre 2017 aux six élèves ayant participé à ce programme en juin/juillet 2017. Les élèves ont fait un stage en entreprise de 4 semaines dans des bureaux d’architecte et bureaux d’études à Hamburg, respectivement à Dijon, et avaient bénéficié dans ce cadre d’une bourse Erasmus+ financée par la Commission Européenne. Patrick SCHMITZ – 12/2017
d.g.à.d: M. Michel Pundel, Tatiana da Silva, Danny Pinto, Joana Fernandez-Ortiz, Yves Michels, Sandra Raulet, M. Patrick Schmitz (absent: Abel Pires)
Article Luxemburger Wort – 21/11/2017
Voilà la 5ème édition de EKFK est terminée. Merci à vous tous, bénévoles, participants, sponsors, ma famille, mon ami Chris et tous ceux qui m’ont soutenus ! L’année prochaine je serai là et j’espère que vous aussi ! Dans les prochains jours je mettrai plus de photos. Merci ! FACEBOOK – Federico COLAVITTI – 12/2017
Tournoi de de Football de 30 heures en continu au centre sportif du Lycée Josy Barthel à Mamer organisé par le jeune Federico Colavitti. Le bénéfice de ce Tournoi « Un Coup de Pied aux Maladies » sera versé intégralement au Téléthon. INFOS & INSCRIPTIONS – 11/2017
Les élèves du cycle inférieur du LJBM ont réalisé une exposition en collaboration avec le Centre Culturel de Mamer « Kinneksbond ». Dans le cadre des cours d’éducation artistique une multitude de projets ont été élaborés autour du thème du cinéma. Il s’agit d’affiches, de photographies, de dessins, d’objets et de films que les élèves ont présentés avec fierté au public lors du vernissage au Kinneksbond le 17 novembre 2017. Les élèves ont pu vivre l’expérience de réaliser un projet à part entière, partant du travail effectué en classe à la mise en scène dans un lieu public. Les œuvres exposées peuvent encore être admirées au « Kinneksbond » jusqu’au 15 décembre 2017. Maurizio DI STASI – 12/2017 INVITATION – AFFICHE – SPECTACLE
Am Kader vum Cours ‘Actualités en génie civil, en construction et en architecture – ACT01’ huet d’T2GC3 eng lescht Visite virun der Chrëschtvakanz organiséiert. Zesumme sinn si an de Centre Pompidou-Metz gefuer, fir do déi japanesch Architektur an de japaneschen Urbanismus vun 1945 bis 2017 kennenzeléieren. Maquetten, Fotoen a Skizze vun de Gebaier vun den Architekten Arata Isozaki, Kenzo Tange, Tadao Ando a vill méi goufen hei gewisen. D‘T2GC3 profitéiert vun dëser Geleeënheet a wënscht Iech all schéi Feierdeeg an ee schéint neit Joer 2018. Roland HERRMANN – 12/2017
Vum 11. bis de 25. November war den zweeten Deel vum dësjähregen Schuman-Austausch. Während dräi Schülerinnen aus dem LJBM fir zwou Wochen an Däitschland oder Frankräich bei hire Partnerschüler verbruecht hunn, hu mir och eng Schülerin aus Frankräich bei eis am Lycée begréisse kënnen. D’Austauschschülerin ass zwou Wochen laang mat hirer Partnerschülerin aus dem LJBM op d’Klass 6C1 gaang. Patrick SCHMITZ – 12/2017
Mir si frou, vum 25. September bis den 9. Oktober zwou Schülerinnen aus Däitschland an eng Schülerin aus Frankräich an eiser Schoul begréissen ze kënnen. D’Schülerinnen maachen während zwou Wochen en Austausch bei Schülerinnen vun 6e a 8e aus dem LJBM, liewe bei hinnen a gi mat hinnen an hir Klass. Dëse Schüleraustausch fënnt am Kader vum SCHUMAN-Programm statt. Vum 11. bis de 25. November ass et dann un deenen dräi Schülerinnen aus dem LJBM fir zwou Wochen bei hirer Austauschpartnerin an Däitschland oder Frankräich ze verbréngen. Mir wënschen hinnen all vill flott Erfahrungen am Kader vun dësem Austausch. Patrick SCHMITZ – 09/2017
Déi lescht zwee Schouldeeg hunn eng ronn 200 Schüler aus dem Mamer Lycée vun der Äispist, déi beim Mamer Schlass steet, profitéiert.Den LJBM seet der Mamer Gemeng an hirem Personal vun der Äispiste Merci fir déi flott Initiative! Françoise CHRISTNACH – 12/2017
Den 12. Dezember waren d’Schüler vun den zwou Klassen 3CBC an 2GGE mat hire Sciences-Proffen (A. Dondelinger, P. Hermes, M. Majerus) an den Luxembourg Science Center op Déifferdéng. An deem grousse Sall konnte si selwer vill Experimenter probéieren, déi op verschidde Statioune verdeelt sinn.Duerno si mer all an d’Welt vun der Mathematik agetaucht a kruten op eng flott Manéier en Abléck an d’Geometrie vun zwou bis n Dimensiounen. Als Ofschloss stoung dann nach eng Show zum Thema „Fluides“ um Programm. Hei ass et ëm d’Faszinatioun vun den Aggregatzoustänn vu verschiddene Gasen, bei déiwen Temperaturen an Dréck, gaangen. D’Schüler an och hir Proffen ware ganz impressionéiert vun deem flotten neie Science Center an hiren Aktivitéiten. Marco MAJERUS – 12/2017
En Donneschden, de 16. November hunn eng ronn 110 Schüler vun de Klassen 4e an 3e aus dem Enseignement Classique a Général aus dem Mamer Lycée un der Qualifikatiounsronn fir déi 11. Naturwëssenschaftsolympiad deelgeholl. Ze beäntwerte woren 30 Froen zu de Fächer Biologie, Chimie a Physik. Gefrot war net onbedéngt Wëssen, wat um Programm steet, mee ee gutt fondéiert Allgemengwëssen an de Naturwëssenschaften. Dëse Concours gëtt organiséiert fir den Interêt vu Jonken an d’Naturwëssenschaften ze förderen. Landeswäit hunn Schüler aus 30 Lycéeën matgemaach an déi bescht 75 Schüler packen et an d’Halleffinall … Wien säi Wëssen gären test oder d’Froen an Äntwerten kuckt: méi ënner www.nwo.lu oder facebook.com/olympiad.lu Jacques PIR – 11/2017
Our 3eESC attended the third edition of Feed your Brain Now in Belval on November 15th. Two teams, one from the University of Luxembourg and the other from Miami University’s John E. Dolibois European Center in Luxembourg (MUDEC), debated against each other. Their theme: Will fake news be our downfall? The teams came prepared as they had gotten professional coaching by Deputy Editor-in-Chief Dhiraj Sabharwal (Tageblatt) and journalist David Broman (Le Jeudi). A jury, comprised of Christel Baltes Lohr (National Ethics Commission), Gérard Zens (Principal of the International School Differdange) and Thorunn Egilsdottir (Senior marketing manager Editpress) decided whose debating skills deserved the first place. The University of Luxembourg debate team ultimately won the award for the second year in a row. At the same time, students had the opportunity to look around the University Campus. The students were accompanied by their English teacher. Viviana GIAMPAOLO – 11/2017
Am Kader vum Cours ‘Actualités en génie civil, en construction et en architecture – ACT01’ huet d’T2GC3 eng Visite den 20. November an d’Villa Vauban gemaach, wou si d’Geschicht an d’Architektur entdecken konnten. D’Schüler an d’Schülerinnen hu bei dëser Visite och dovu profitéiert, d‘Expo ‘Time Space Continuum‘ ze gesinn, wou Fotoe vum bekannte Kënschtler Edward Steichen am Dialog mat Uelegbiller ausgestallt waren. Roland HERRMANN- 11/2017
Seit sechs Tagen ist unsere Reisegruppe jetzt dabei den Atlantik zu überqueren, noch gute zwei Wochen liegen vor ihnen bevor sie wieder Festland sehen. Updates gibt es wie immer auf unserem eiseblog: http://oceancollege.eu/de/category/reiseblog/ Anbei außerdem ein paar Bilder des letzten Landaufenthalts von den Kap Verden! – 01/12/2017
Johan und der segelnden Crew geht es sehr gut, aktuell liegt die Regina vor den Kap Verden und alle bereiten sich auf die bevorstehende Atlantikquerung vor. Die ersten Wochen dienten der Eingewöhnung, seit Teneriffa ist dann der schulische Unterricht für die Kids dazu gekommen. Johan hat bereits ein erstes Feedback mit allen Beteiligten geführt und sie fühlen sich sehr wohl. Ein Coaching mit dem Kommunikationsexperten Joseph Dillard wurde bereits durchgeführt und kam sehr gut an sowie das Mikroplastikprojekt wurde unter Anleitung von Rüdiger Stöhr (One Earth – One Ocean) initiiert. Regelmäßig werden jetzt Wasserproben genommen und analysiert. Das Sieb muss bereits das erste Mal gereinigt werden, da die Schüler schon einiges aus dem Atlantik gefiltert haben. Auf unserem Reiseblog gibt es tagesaktuelle Beiträge von unseren Schülern:
http://oceancollege.eu/de/category/reiseblog/ – 11/2017
das Schuljahr hat schon längst begonnen, doch während sich die Einen auf die Herbstferien freuen, platzen 34 andere Schüler bereits vor Vorfreude, Spannung und unterschiedlichen Erwartungshaltungen an die bevorstehende große Reise. Am 15. Oktober stechen Hannah, Lisa, Lennard, Tanyel und 30 weitere Teilnehmer in weite See und werden für die kommenden sechs Monate die Regina Maris – einen Traditionssegler – ihr zu Hause nennen. Die Route führt 11.000 Seemeilen über die Kanaren in die Karibik und über Mexiko, Kuba und die Azoren zurück nach Amsterdam. … – Link – Enzo CIRILLI – 10/2017
Am Kader vum JOSY HELPS! goufen d’Klassespriecher vu sämtleche Klassen e Freideg, den 20. November an de Festsall agelueden, fir onst neit Konzept virgestallt ze kréien. Onst Zil ass et, d’Responsabilitéit vun de Jonken ze stäerken, hirer Meenung méi Gewiicht ze ginn an d’Zesummeliewen an der Schoul ze verbesseren. Am Anhang fannt der nach emol en Iwwerbléck vun de Rechter an de Flichte vun de Klassespriecher. Sandra FRATINI – 11/2017
De Projet d’établissement JOSY HELPS! huet sech zum Zil gesat, an den nächste Joer etlech Sensibiliséierungscampagnë starten ze wëllen.An deem Kader huet e Freideg, de 27. Oktober den Théâtre Grand-Ducal d’Stéck “VERRÜCKTES BLUT” bei ons am Festsall opgefouert.Dëst ass eng Koproduktioun tëscht dem Théâtre Grand-Ducal an dem TRIFOLION zu Iechternach an et baséiert op dem Film “LA JOURNEE DE LA JUPE” vum Jean-Paul Lilienfeld. An Szen gesat gouf d’Stéck vum Jean-Paul Raths.D’Schüler an d’Schülerinne vum cycle moyen a supérieur haten soumat d’Méiglechkeet, sech dëst Stéck, wat e Plädoyer fir e friddlecht Zesummeliewen an e kloere Message géint Gewalt ass, unzekucken. Dono ass och nach Zäit bliwwe fir en Austausch mat den Acteuren. Sandra FRATINI – 11/2017
Du 26 au 31 octobre 2017, 9 élèves de 2ème et 1ère Classique et de 13ème génie civil accompagnés par Mme Wilmes et M. Cirilli ont effectué un voyage pédagogique à Oświęcim (Auschwitz – Pologne), avec une centaine de lycéens d’autres lycées. Au programme les visites des camps de concentration d’Auschwitz-Stammlager et Birkenau, encadrées et organisées par l’association Témoins de la 2ème génération asbl et par un survivant, M. Paul Sobol (déporté en juillet 1944 à 18 ans, il survit à la sélection Birkenau, aux marches de la mort et Dachau…) suivies par des ateliers pédagogiques. Enzo CIRILLI – 11/2017
En Donneschden, den 19. November haten d’Schüler an d’Schülerinne vun der 5e CM2 d’Méiglechkeet, de Centre Culturel Islamique zu Mamer ze besichen. D‘Madame Bouraine an hir Kolleginnen hunn ons en interessanten Abléck ginn, wat fir si den Islam duerstellt a wéi den Alldag vun de Muslimen hei zu Lëtzebuerg ausgesäit. Sandra FRATINI – 11/2017
Vum 26. bis de 27. Oktober 2017 waren d’Schüler vun de Klasse 7P1 a 7P2 zesumme mat hire Régenten an Enseignanten op engem Teambuilding-Stage zu Huelmes am Schlass. Hei haten d’Schüler d’Geleeënheet, hir nei Kollegen an hir Enseignante besser kennen ze léieren. Si hu bei gemeinsamen Aktivitéite geléiert, wéi si als Klass kënnen zesumme schaffen, liewen a laachen. Luc PILLATSCH – 11/2017
Le 5 octobre 2017 l’OAI était présent lors de la remise des diplômes et des prix dans le cadre des formations menant au Brevet de Technicien Supérieur (BTS) à la maison du savoir au Campus Belval de l’Université de Luxembourg. Marc Hansen, ministre délégué à l’Enseignement supérieur et à la Recherche, a remis les diplômes BTS à 280 étudiants. La formation du BTS « Bâtiments et Infrastructures » offert au Lycée Josy Barthel à Mamer (LJBM), dont l’OAI est fondateur et partenaire, comptait sept lauréats. À cette même occasion l’OAI a honoré l’étudiant le plus méritant du BTS « Bâtiments et infrastructures » avec un prix exceptionnel. Cette formation avec deux stages en milieu professionnel (bureau d’études, bureau d’architecture) permet aux étudiants d’acquérir non seulement une qualification professionnelle hautement spécialisée, mais aussi un important savoir-faire méthodologique, qui leur serviront tout au long de leur vie active. Anthony LLOYD – 10/2017
Am Kader vum Projet “one2one – Josy goes digital” huet den Här Christnach haut op enger éischter 7es-Klass de Schülerinnen a Schüler en neien iPad iwwerreecht. An deene nächste Wochen ginn och nach all aner 7C- a 7G-Klassen souwéi och d’3CBC an 4GTG mat iPads equipéiert. De Lycée Josy Barthel Mamer setzt also konsequent weider op modern Technologien. Charte des classes iPad. Jean-Luc GLEIS – 10/2017
Ce mercredi 18 octobre, les élèves des classes de BTS ont visité la foire d’automne “Home & Living”. Marc KLEPPER – 10/2017
De 24. Oktober 2017 hunn d’Schüler vun der 7P1 ee Geméismaart mat Produiten aus eisem Schoulgaart organiséiert. D’Schüler hate Muerten, Schalotten, Ënnen, Gromperen a Kürbissen am Angebot. Den 1. LJB-Maart war ee volle Succès a mir soen all eise Clienten villmools MERCI. Luc PILLATSCH – 10/2017
À l’occasion du 60e anniversaire du Traité de Rome et du 25e anniversaire du Traité de Maastricht, le Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) de l’Université du Luxembourg a organisé en collaboration avec la représentation de la Commission Européennen une conférence dédiée à l’Europe de demain. Ce 13 octobre, notre 2CBC a profité de l’évènement pour écouter le président de la Commission Européenne, Jean-Claude Juncker, qui a parlé des perspectives de l’intégration européenne. Le discours était suivi d’un débat sur l’état de l’Europe dans un contexte politique difficile. Les élèves en ont également profité pour découvrir le site de l’Université du Luxembourg à Belval.” Guido LESSING – 10/2017
Le mercredi, 5 juillet 2017 nous avons eu l’honneur de recevoir Jason R. Levine (Fluency MC), un professeur-rappeur américain de renommée internationale qui parcourt le monde pour enseigner l’anglais par le biais de chansons de rap. Cet évènement, organisé par le département d’anglais pour tous les élèves des classes de 6e, 9eSTP, 5eM, 4e et 11eTG fût un succès ! Cette approche de l’anglais hors du commun et fun a beaucoup plu aux élèves. Fluency MC encourage les élèves qui le souhaitent à rester en contact avec lui sur les résaux sociaux afin de continuer la pratique de l’anglais à l’aide de musique! Comme dit Fluency MC : « Relax , repeat, remember! » WE DEFINITELY WILL ! Laura DE ROBERTIS – 07/2017
D’Carreleurs vun der 11e an 12e aus dem LJBM waren am Juni 2017 op en Ausfluch an d’Stad an hu vill intressant historesch Plaze besicht. Yolande REITER – 11/2017

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes