Theaterstéck „CHAMP DE MINES“

Publié le 02/07/2017

Am Kader vum „JOSY HELPS!“ haten e Freiden, de 17. Februar, dräi Klassen aus dem LJBM d’Méiglechkeet, sech bei ons am Haus d’Theaterstéck „CHAMP DE MINES“ unzekucken. Et handelt sech hei ëm e Stéck, dat um Text vum Pamela Dürr baséiert an dat inzenéiert gouf, fir a Klassesäll opgefouert ze ginn. D’Geschicht handelt vun enger Frëndschaft tëscht enger Serbin an enger Bosnierin, déi an Zäite vum Bosnien-Krich eeschthaft op d’Prouf gestallt gëtt. Kann een dono weidermaachen wéi wann ni eppes gewiescht wär? Et huet sech ëm en interessant, op historesche Fakten baséiert Gedankenexperiment gehandelt, dat d’Schüler zum Nodenke bruecht huet. A recommander! Sandra FRATINI – 02/2017 – Fotoen: KULTURFABRIK


Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.