THEATEROWEND

Publié le 02/07/2017

Kuerz virun der Ouschtervakanz hat den Theatergrupp vum LJBM op déi véiert Editioun vu sengem Theaterowend agelueden. 22 Schüler aus dem cycle inférieur a supérieur stungen op der Bühn an hunn an engem gutt gefëllten Festsall hiert Talent an hir Spillfreed ënner Beweis gestallt. D’Schüler an d‘Enseignanten hate sech säit Januar intensiv op d’Virféierung virbereet an een ofwiesslungsräichen Owend mat kuerzen Theaterstécker a Sketcher op franséisch, lëtzebuergesch an däitsch gebueden. Tëschenduerch gouf et musikalesch Ënnerhalung vun der schoulinterner Band „Josy S(w)ings“ souwéi z’iessen an ze drénken. Bob LEURS – 04/2017 – Photos: David MARCUS

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.