THEATER FIR JOSY HELPS!

Publié le 08/08/2018

De Projet d’établissement JOSY HELPS! huet sech zum Zil gesat, an den nächste Joer etlech Sensibiliséierungscampagnë starten ze wëllen.An deem Kader huet e Freideg, de 27. Oktober den Théâtre Grand-Ducal d’Stéck “VERRÜCKTES BLUT” bei ons am Festsall opgefouert.Dëst ass eng Koproduktioun tëscht dem Théâtre Grand-Ducal an dem TRIFOLION zu Iechternach an et baséiert op dem Film “LA JOURNEE DE LA JUPE” vum Jean-Paul Lilienfeld. An Szen gesat gouf d’Stéck vum Jean-Paul Raths.D’Schüler an d’Schülerinne vum cycle moyen a supérieur haten soumat d’Méiglechkeet, sech dëst Stéck, wat e Plädoyer fir e friddlecht Zesummeliewen an e kloere Message géint Gewalt ass, unzekucken. Dono ass och nach Zäit bliwwe fir en Austausch mat den Acteuren. Sandra FRATINI – 11/2017

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes