TÉMOIGNAGE VUM PAUL SOBOL AM LJBM

Publié le 19/04/2018

Am Kader vum Josy Helps! war de 19. Abrëll de M. Paul Sobol, deen Auschwitz iwwerlieft huet an haut 92 Joer al ass, bei eis an d’Schoul komm. Am Festsall huet hie ronn 300 Schüler vun den ieweschte Klasse vu sengen Erfarungen am KZ, mee och vu sengem Liewen duerno erzielt. Fir dësen Ulass haten déi néng Schüler, déi am Oktober mat op Auschwitz waren, eng Ausstellung mam Titel “In Auschwitz war ich, Auschwitz sah ich” entworf. An engem kuerze Film an op enger Rei Panneaue weisen si, datt d’Rees op Auschwitz an d’Begéinung mam M. Sobol si fir hiert Liewe markéiert hunn. Jessica WILMES – 04/2018
PHOTOS – VIDEO

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes