TALENTOWEND 2018

Publié le 02/03/2018

LJBM goes on stage um Talentowend 2018! De Freiden, 2. Mäerz haten d‘Schüler d’Chance hiert Talent ze weisen an dat virun engem fantastesche Publikum. Vu Gesang, iwwer Danz bis Piano war fir jiddereen eppes dobäi. Et war en Owend voller Stëmmung, Emotiounen, Iwwerraschungen a virun allem aussergewéinlechen Talenter. D’Gewënnerin vum Owend war d’Caiana (9STP4), dat an der Kategorie Gesang mat ‚A Thousand Years‘ den éischten Präis ergatteren konnt. Déi 2. Plaz ass un d’Lena an un d’Mélissa (3GPS) gaangen an dat an der Kategorie Gesang mat ‚Sinners‘. Last but not least konnt den Tom (5CL2) den 3. Präis mat Heem huelen no enger super Performance vun ‘Humoresque No 7’ um Piano. Gléckwonsch un d’Gewënner an e groussen BRAVO un all d’Kandidaten! Viviana GIAMPAOLO – 03/2018 – Video – Photos: David MARCUS

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.