STAGE ‘ERASMUS+’ ZU HAMBURG

Publié le 06/06/2016

Véier Schülerinnen vun T2GC (12e technicien en génie civil) haten d’Chance, fir vum 13. Juni bis den 11. Juli 2015 e Stage vu véier Wochen bei Architekten- an Ingenieursbureauen zu Hamburg ze maachen. Dës Stagen hu stattfonnt am Kader vum Projet “Erasmus+”, dee vun der Europäescher Kommissioun subventionnéiert gëtt.

Bei enger Informatiounsversammlung de 27. Oktober 2015 fir Schüler, déi dëst Joer op den T2-Klasse sinn, hu si vun hiren Auslandserfahrungen erzielt an den interesséierte Schüler hir Froen beäntwert. Och dëst Schouljoer kënnen nees véier Schüler/innen vun T2 vun enger Erasmus+ Bourse profitéieren, fir hire Stage am Ausland ze maachen.

Am Kader vun dëser Versammlung kruten d’Tamara Biewers, d’Gregoria Giordano, d’Carine Kinarian an d’Svenja Thill e “Certificat Europass Mobilité” iwwerreecht.

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.