Stage écologique – Huelmes – 2eCC/ 2eCLC – LJBM

Publié le 18/06/2021

Am Kader vum Stage écologique ass d’2eCC/2eCLC de 4. Juni 2021 een Dag zu Huelmes gewiescht. Start war moies am Schlass, wou als éischt d’Lag an d’Bedeitung vum Schlass gekuckt ginn ass. Vun hei ass et dann de Bierg erof gaangen bis zur Waasserquell « Diddelbuer ». Ënnerwee an och un der Quell selwer si Gestengsschichten analyséiert ginn (Geologie). Hei sinn och chemesch a physikalesch Analysen zu eisem Lëtzebuerger Sandsteen gemaach ginn.

Vun hei ass et dunn bis bei d‘Weieren an d’Baach weidergaang, fir déi zwee verschidden Ökosystemer chemesch a biologesch ze analyséieren. D‘Schüler hu sech hei däerften austoben a konnte verschidden Déieren, kleng a grouss, aus dem Waasser fänken, fir se duerno ze analyséieren. E puer Schüler hu souguer eng Mouk gefaangen! (D‘Déieren sinn natierlech duerno all erëm fräigelooss ginn. 😉)

D‘Schüler ware motivéiert, woubäi d‘Wieder och nach super bei sonnegen 22°C matgespillt huet, wat alles zu enger gelongener Sortie bäigedroen huet. Mir haten och ee « special guest » an zwar ee ganz léiwe Mupp Rosie. 😊

Accompagnateurs: Tania SIMON, Jérôme ZENS

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.