Spuenesch Gäscht am LJBM

Publié le 28/02/2023

E Méindeg, den 20.2., si 7 Schüler aus eiser Partnerschoul zu Baza a Spuenien bei eis am LJBM empfaange ginn. Mat Schüler vun de Klassen 3C-Comed an 2C-Comed hu si wärend 5 Deeg u gemeinsame Schoulstonnen deelgeholl a bei verschiddene flotten Ausflich eist Land entdeckt. Dësen Austausch gëtt finanziell ënnerstëtzt am Kader vum “Erasmus+”-Programm vun der Europäescher Kommissioun. Mir hoffen, datt eis spuenesch Gäscht an eis Schüler eng erliefnisräich Woch haten, an där si hir Sproochkenntnisser verbessert hunn an och nei Frëndschafte knäppe konnten.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes