Spinning Josy

Publié le 21/05/2021

Dir Dammen an Dir Hären,

D’4GIG präsentéiert Iech ganz houfreg hire Klasseprojet, de “Spinning Josy”, eng Spendenaktioun bei där de gesamten Erléis un ‘Een Häerz fir kriibskrank Kanner Asbl’ gespend gëtt.

Bei eiser Spendenaktioun geet et drëm, als Schoulgemeinschaft wärend engem Mount esou vill Kilometer wéi méiglech op eisem hauseegene Spinningvelo ze fueren.

Mir sichen aktuell no Leit, déi bereet wieren, fir all Kilometer dee mir fueren, een Cent ze spenden.

Eisen aktuelle Stand läit bei 363 Kilometer, Dir kënnt also bei engem Don vun 3,36€ mat asteigen an eise gemeinsame Progrès op dëser Facebook-Säit verfollegen.

D’Aktioun gouf den 10. Mee lancéiert a kënnt den 12. Juni op en Enn. Mir sinn also scho bal op der Halschent.

Falls Dir Iech gäre wëllt engagéieren, schéckt eis e Mail op:

james.mitchell@education.lu

Weider Informatiounen zu “Een Häerz fir kriibskrank Kanner Asbl” fannt Dir op:

https://www.kriibskrankkanner.lu/

Mir soen Iech alt villmools Merci fir Äre Support an drécke weider fläisseg an d’Pedallen.

Léif Gréiss,

D’4GIG

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes