Sortie scientifique mat der 3e CC

Publié le 29/06/2021

D’Schüler vun der 3CC waren den 1. Juni op hir éischt ekologesch Sortie op Huelmes am Kader vum Biologiescours. Si hunn alles ronderëm d’Waasser kennegeléiert, vun der Entstehung vun de Quellen bis de Verglach tëschent engem Still- an engem Fléissgewässer, dat Ganzt duerch praktescht Schaffen um Terrain. Si hu souwuel chemesch wéi och biologesch Analysen vun e puer Weieren an enger klenger Baach gemaach. Begleet waren d‘Schüler vun hiren Enseignanten Gilles Rauen an Tania Simon. Ubäi e puer Andréck vun deem léierräichen an flotten, sonnegen Nomëtten.

 

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes