Soirée indienne au LJBM
Publié le 11/06/2015Viru kuerzem hat d’Direktioun vum Mamer Lycée an Zesummenaarbecht mam Sushita Oberlé, « enseignante de cuisine » zu engem indeschen Owend agelueden. Nieft deem Kulinaresche goufen och indesch Dänz opgefouert a Fotoen iwer Indië gewisen. Den Erléis vum Owend (2402,- €) gouf vum Direkter Claude Christnach un de Präsident vun der Vereenegung « Aide à l’enfance de l’Inde », den Här Gusty Braun, iwerwisen. Den Direkter huet merci gesot dem Sushita Oberlé a besonnesch de Schüler Luc Krier, Fränk Prim, Rafael Dos Santos, Franky Ferrari, Nikola Peric, Luca Ferrarin und Maxime Weber fir hiren Asaz fir déi gutt Saach. (Foto: LW)