Sécherheet a Gesondheet am Bauwiesen

Publié le 11/06/2015

Zënter 2008 gëtt d’Planung an d’Gestioun vum Volet Sécherheet a Gesondheet op de Chantieren iwwert e Règlement Grand-Ducal bestëmmt. D’Bauhären an d’Bauentreprisen si verpflicht, e Plan de sécurité et de santé ze erstellen a ginn dobäi vun engem Coordinateur ënnerstëtzt. Fir d’Bautechnikerschüler vun den Ofschlossklasse fir dëst Thema ze sensibiliséieren, war de 14. November bei eis e Virtrag vun der Madame Angéline Prévot, Ingénieure en génie civil an Administratrice déléguée vu « Géri Management S.A. ». Mir soen der Madame Prévot e grousse Merci fir hiren intressantene Virtrag. D’Schülerinnen an d’Schüler vun den T3GC-Klasse wäerte während deene leschten zwee Semester vun hirer Ausbildung intensiv dru schaffen, fir hir Kompetenzen an der Sécherheets- an an der Gesondheetsplanung ze erweideren.

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.