Séance académique fir 20 Joer LJBM

Publié le 19/03/2024

En Donneschdegowend war bei eis am Lycée den Optakt zu de Feierlechkeete fir eisen 20. Gebuertsdag. Vill Invitéeë waren am Festsall vum LJBM zesummekomm, dorënner de Bildungsminister Claude Meisch, de Chamberpresident Claude Wiseler, de Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer Luc Feller an och Membere vum Josy Barthel senger Famill.

No engem kuerze Réckbléck iwwert d’Geschicht vum Lycée huet den Direkter Claude Christnach e Fazit zu de leschten 20 Joer gezunn. Zréckbehalen huet hien hei 3 grouss Theemen; d’Promotioun vun de Sciencen (déi am LJBM vum 1. Dag un eng grouss Roll gespillt hunn, schonn de Josy Barthel selwer war och Chemiker), en immens engagéiert Personal (wat d’Schüler all Dag op hirem Wee begleet an och déi gutt Resultater all Joer erméiglecht) an déi Tatsaach, datt d’Innovatioun am LJBM vun Ufank un eng Prioritéit war (den LJBM huet z. B. net manner wéi 5 nei Sektioune säit 2018 entwéckelt a war oft senger Zäit viraus).

An enger beweegender Ried huet dunn Claude Meisch de Lycée ausdrécklech fir seng Entwécklung gelueft, huet erkläert, wéi wichteg all eenzelt Element aus dem Motto vum LJBM („Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.“) ass an opgefuerdert, dëse Motto weider esou mat Liewen ze fëllen.

Duerno war et dunn um Roger Spindler, deen dem Public eng spannend an inspiréierend Presentatioun zu enger méiglecher Zukunft vun der Schoul an der Gesellschaft ginn huet.

Ofgeschloss gouf dëse flotten Owend mat engem Patt an engem Stéck Gebuertsdagskuch.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes