Scienteenslab

Publié le 24/04/2023

D’2GA3D huet sech de 27.3. am Scienteenslab mat hirem eegenen Energieverbrauch auserneegesat. Fir d’éischt hunn d’Schüler gekuckt, wéi vill Energie jidderee vun eis pro Dag brauch. Dono hu si ënnersicht, wéi vill Leit zum Beispill missten um Vëlo pedalléieren, fir dës Energie hierzestellen. D’Schüler waren all e bëssen iwwerrascht, wéi schwéier et ass, de Fön um Lafen ze halen. Dono hu si nach den Ertrag vun engem Wandrad an enger Solarzell gekuckt a berechent, wéi vill m2 dovunner ee géing brauchen, fir eise jeeweilegen Energiebedarf ze decken. Zum Schluss hu si nach mat enger Wo nogemooss, wéi vill km2 Solarzelle ee géing fir e bestëmmte Liewensstil brauchen. Heibäi sti jeeweils zwee Solarpanneaue fir eng Fläch vun der Gréisst vun der Stad. Eis Schüler haten eng flott a léierräich Visitt.
LJBM – « Du, d’Natur an d’Wëssenschaft. »

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.