Scheckiwwerreechung un CARE Lëtzebuerg

Publié le 07/07/2023

De leschten Dënschdeg virun der Ouschtervakanz hate sech knapp 160 Leefer vun eise 7es-Klasse wärend dem Ouschterlaf sportlech a sozial engagéiert. D’Leefer an hir Elteren hunn dës sportlech Aktivitéit nämlech mat engem Don un d’Hëllefsorganisatioun CARE verbonnen.
De Lëtzebuerger CARE-Direkter Frédéric Haupert huet sech dëse Méindeg, den 3. Juli, perséinlech beim Här Christnach, bei alle Leefer an den Elteren an der ganzer Ekipp vum Lycée Josy Barthel bedankt. D’Spend vun insgesamt 1.000 € gouf benotzt fir nom Äerdbiewen an der Tierkei ze hëllefen. Direkt nom Äerdbiewe konnt CARE wichteg Hëllef op de Wee bréngen an Zelter, Heizungen, Decken, Iesspäck an Drénkwaasser verdeelen. Alles an allem huet d’Hëllef vu CARE Lëtzebuerg scho méi wéi 19 000 Leit erreecht.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.