REMISE DE CHÈQUES

Publié le 11/05/2018

Am Juli 2017 huet eng Equipe vun engagéierten Enseignanten aus dem Mamer Lycée um ALLES OP DE VËLO sech ëm de Catering fir d’Cycliste gekëmmert. Dobäi koum eng erhieflech Zomm als Benefice zesummen, déi den Organisatiounscomité elo gespent huet.
Deen éischte Chèque an der Héicht vun 1.500 Euro ass un de Solidaritéitsfong vum LJBM gaangen. Soumadder kënne Schüler finanziell ënnert Äerm gegraff kréien, wann de Besoin do ass.
Den zweete Chèque an der Héicht vun 1.000 Euro huet d’Madame Frédérique Buck fir hiren Dokumentarfilm « GRAND H » iwwerreecht kritt. Zwee Joer no der sougenannter « Flüchtlingskris » zitt si e Bilan a beliicht déi Lëtzebuergesch Flüchtlingspolitik a schwätzt mat Acteure vum Terrain. Sandra FRATINI – 04/2018 – Article LW du 11/05/2018

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.