REES OP BRÉISSEL
Publié le 06/06/2016Den 10. an 11. Juni war d’3C fir zwee Deeg op Bréissel. Mat hirem 1. Präis beim Projet 2016 vun der Association Luxembourgeoise des Nations Unies (ALNU) zum Thema « Aide humanitaire d’urgence » haten si eng Visite vu verschiddenen Institutioune vun der UNO (OCHA, UNISDR an UNRIC) gewonnen. Eise Lycée huet et hinnen erméiglecht, nach e weideren Dag zu Bréissel ze bleiwen, fir sech d’Haaptstad selwer méi genau unzekucken. Et stoungen niewent der Grand Place, de Galeries Royales Saint-Hubert, dem Manneken an dem Jaenneke Pis nach vill aner Sehenswierdegkeeten, wéi de Jardin du Petit Sablon, de Musée du Cacao et du Chocolat an d’Bourse, um Programm.

