Projet Marsrover
Publié le 19/03/2024Am Kader vun der Optioun « Wëssenschaft » hunn d’Schüler vun eiser 5G scientifique sech net nëmme mat de Basiselementer aus der Elektrik auserneegesat, mee och iwwert erneierbar Energien diskutéiert, ier se dunn e solargesteierten Auto (“Marsrover”) gebaut hunn. Dobäi konnten d’Schüler hiren Iddie fräie Laf loossen an ausprobéieren, wat am beschte fonctionéiert.





