Projet LJBEE 2022

Publié le 21/07/2022
Am Fréijoer ass am LJBM de Projet « LJBEE » ugelaf, bei deem esouwuel d’Schüler ewéi och d’Personal vun eisem Lycée, dank dem Imker Georges Gidt vun Dondel, an d’Beienzuucht agefouert gi sinn. Eis Hunnegbeien hu sech ganz gutt an eisem Biotop agelieft an et gouf och schonn den éischte Fréijoershunneg! Zil vun dësem Projet bleift awer déi ganz Schoulgemeinschaft fir d’Wichtegkeet vun de Beien ze sensibiliséieren an ze weisen, wéi een am Alldag seng Ëmwelt beiefrëndlech gestalte kann. De Projet wäert och am nächste Schouljoer 2022-2023 weidergefouert ginn: Eis Schüler kréien esou d’Geleeënheet all d’Etappe vun der Hunnegproduktioun z’entdecken an dobäi eng Hand mat unzepaken.
 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.