PROJET D’ÉTABLISSEMENT”JOSY HELPS!”

Publié le 30/04/2018

NEWSLETTERS N°1 – 2
WORKSHOP “BDen, Comics a Videoen zum Thema Nohalteg Entwécklung selwer entwerfen”
Am Kader vum Josy Helps! plange mir an deenen nächste Wochen eng Sensibiliséierungscampagne zum Thema “Nohalteg Entwécklung” bei eis am LJBM ze lancéieren. Dofir luede mir jiddereen, deen interesséiert ass, e Méinden, den 30.4., vu 14h20-16h fir e Workshop an d’Cantine an. Hei kanns du selwer aktiv ginn, déng Iddien zum Ausdrock bréngen a léiere cool a witzeg BDen, Comics a Videoen zu den ënnerschiddlechsten Themen (Offall, mam Velo an d’Schoul, Papeierverschwendung, Recycling, …) ze gestalten. Dëse Message riicht sech un 1. Stell un d’Josy-Ëmwelt-Spezialisten, mee jiddereen, deen interesséiert ass, ass wëllkomm. Wann dir nach Froen hutt, zéckt net iech ënner der E-Mail-Adress pe@ljbm.lu ze mellen. D’Josy Helps!-Team – 04/2018
D’„Journée de la solidarité“ 2018 – erëm e grousse Succès
Am Kader vun eisem neie Projet d’établissement „Josy Helps!“ huet en Dënschden, 27. Mäerz, vun 8h15-11h50 eis 2. „Journée de la solidarité“ statt fonnt. Iwwer 30 Organisatiounenaus den ënnerschiddlechste Beräicher hunn deen Dag am LJBM Atelieren, Konferenzen an Ausstellunge presentéiert. Donieft konnte mir och dëst Joer erëm eisen traditionellen „Charity Run“ an e „Faire Breakfast“ ubidden. Dëse méi speziellen Dag soll deene Jonken net nëmmen d’Méiglechkeet bidden e Bléck iwwert den Tellerrand ze werfen an eis Welt besser ze verstoen, mee si och léieren hiert Konsumverhalen an hir Roll an eiser Gesellschaft kritesch ze hannerfroen. Alles nom Motto: „solidaresch sinn – Verantwortung iwwerhuelen – sech engagéieren“. D’Josy Helps!-Team – 04/2018 – émission 100.7
——————————————
Du wëlls dech gäre fir eis Ëmwelt asetzen, weess awer net richteg wéi a wou? Du géifs gären eppes fir de Schutz vun eisem Planéit maachen, mengs awer du eleng kënns näischt bewierken? Du hues vläicht esou guer e puer konkret Iddien, dir feelt awer déi néideg Ënnerstëtzung? Oder du wëlls einfach besser informéiert ginn zum Thema „Nohalteg Entwécklung“?
Mir siche Schüler, déi interesséiert wieren, zu eisen „Josy-Ëmwelt-Spezialisten“ ze ginn an un där enger oder anerer Aktivitéit zum Thema „Nohalteg Entwécklung“ deelzehuelen: Workshops, Visitten, op d’Bee setzen vun enger Sensibiliséirungscampagne a Form vu selwer gedréite Videoen, selwer entworfenen Affichen a BDen, Organiséiere vu verschiddenen Events, …
Wann s du interesséiert bass oder méi wëlls wëssen, dann komm op eist Kick-Off-Treffen dëse Freiden, 9. Mäerz, vun 10h10-11h50 am D006. D’Josy Helps!-Team – 03/2018
——————————————
E Bléck ronderem eis geet duer, fir festzestellen, datt un all Ecken Hëllef dréngend gebraucht gëtt, sief et bei eis am Lycée, am Land oder soss op der Welt. Zanter der éischter Stonn huet ons Schoul an deem Sënn sozial Projeten initiéiert, déi etleche vun ons et erméiglecht hunn, e Bléck iwwert den Tellerrand ze werfen. Mir wëllen an Zukunft versichen, dës vielfälteg Projeten zum engen Deel z’initiéieren an duerchzeféieren, mee zum aneren Deel och ze koordinéieren, fir e roude Fuedem an d’Organisatioun vun deenen eenzelne Projeten oder Aktivitéiten ze kréien. Jiddereen aus eiser Schoulcommunautéit soll sech op eng einfach Art a Weis iwwert déi aktuell Organisatiounen informéiere kënnen an natierlech och säin Deel dozou bäidroe kënnen. Ee wichtegen Deel vum Projet “Josy Helps!” soll et och sinn z’ informéieren an ze sensibiliséieren duerch Workshops, Visiten um Terrain, Rencontren mat Vertrieder vun ONGen an ASBLen. Deemno de Motto vun onsem Projet: Solidaresch sinn – Verantwortung iwwerhuelen – Sech engagéieren. Sandra FRATINI – 01/2017

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes