Projet « Chercheurs à l’école »

Publié le 01/04/2019

D’Schüler vun der 1CBC, der 2GIG an der 3CBC haten am Kader vum Projet « Chercheurs à l’école » vum FNR d’Méiglechkeet dräi Fuerscher ze begéinen. Den Här Prof. Jean-Marc Schlenker huet eis seng Fuerschung op der uni.lu am Beräich vun der Mathematik virgestallt. Den Dr. Torsten Granzow huet eis seng Aarbecht beim LIST am Beräich vun den Materialwëssenschaften presentéiert. Den Dr. Georges Dahm huet eis en Abléck a seng Aarbecht um LNS am Beräich vun der Schadstoffanalys ginn. D’Schüler kruten hei e flotten Iwwerbléck iwwert d’Offer vun der Fuerschung zu Lëtzebuerg a konnten sech iwwert zukünfteg Aarbechtsméiglechkeeten informéieren.

 

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.