Prix Henri Kugener 2022

Publié le 01/06/2022

Och dëst Joer war de Lycée Josy Barthel beim Prix Henri Kugener, deen all Joers vun der ALPLG fir all 3eCL-Klassen aus dem Land organiséiert gëtt, vertrueden. D’3CLB/C/G-COMED huet mat hirem Video eng gutt 3. Plaz (2e prix d’honneur) erreecht.
Bei dësem Concours, wou d’Klassen e moderne Projet ronderëm d’Latäin schafe sollen, hunn d’Lisa, d’Noemie, d’Rachel, den Enzo an de Yan, encadréiert vum Här Batista, en interessante Video gedréint: An hirem Video gi si vun hiren aktuellen Hobbyen aus, fir sech selwer -dank engem Flashback an d’Vergaangenheet- als Réimer duerzestellen an ze weisen, wéi hir perséinlech Hobbyen virun méi ewéi 2000 Joer am ale Roum gedriwwen goufen.
Mat hirer Belounung (250 Euro) wäerten eis 5 Schüler e verdéngte kulturellen Ausfluch kënnen organiséieren.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.