Präisiwwerreechung un d’élèves méritants

Publié le 11/06/2015

En Donneschdeg, 25. Juni 2015, huet d’Präisiwwerreechung un d’élèves méritants an onsem Festsall stattfonnt. No enger Usprooch vum Direkter Claude Christnach sinn d’Zertifikater an d’Präisser un déi Schüler ausgedeelt ginn, déi am Laf vum Schouljoer opgefall waren duerch besonnesch gutt schoulesch Leeschtungen oder een Engagement fir ons Schoulgemeinschaft. Tëscht de musikaleschen Optrëtter vun der LJBM-Chorale an hierem Orchester ënner der Leedung vum Nadine Becker a Maurizio Di Stasi sinn och nach d’Zertifikater un d’BTS-Schüler souwéi d’Präisser un d’Gewënner vum Lies-Concours ausgedeelt ginn. No der Zeremonie huet d’Direktioun op ee Gedrénks agelueden. Klickt hei, an hei, fir weider Fotoen ze gesinn

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes