Optioun Life Science – e Fazit vun eise Schüler

Publié le 17/06/2021

Mech huet d’Optioun ‘Life Science’ besonnesch ugesprach, well se mir e besseren Abléck an déi verschidde Beräicher vun der Fuerschung erlaabt. Excursiounen an d’Natur sou wéi Experimenter am Labo erlabe mir genau dësen Abléck an hëllefe mir villäicht bei mengen zukünftegen Entscheedungen, wat ech studéieren oder schaffe wëll.

Mia Herber, 2CC

 

 

 

 

 

 

 

 

D’Optioun ‘Life Science’ fannen ech interessant, mir behandele vill aktuell Themen, déi eis hëllefen, déi rezent Situatioun besser ze verstoen. Dëst maache mir, andeems mir am Labo reegelméisseg bekannten Tester selwer duerchféieren, wéi zum Beispill e SARS-CoV-2-Antikierper-Test oder och e PCR-Test.

Ech hu vill an der Optioun bäigeléiert a fannen et flott, reegelméisseg Erfarungen um Terrain an der Natur ze maachen. Am beschte gefale mir eis reegelméisseg Ausflich, bei deene mir och praktesch Saachen gewise kréien, dat mir am normale Schoulalldag aus zäitleche Grënn leider net oft maache kënnen.

Déi ganz praktesch Approche zu ville Saachen fannen ech interessant, well dëst bréngt eist theoretescht Wëssen oft zum Liewen an erméiglecht eis eise geléierte Cours och an der Praxis unzewenden a soumat all déi verschidden Zesummenhäng besser ze verstoen.

 

Carole Krier, 2CC

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Déi nei Optioun ‘Life Science’, déi säit dësem Schouljoer am LJBM ugebueden gëtt, ass immens interessant an et léiert ee vill Nëtzleches, fir dat een an den normalen Schoulstonnen net onbedéngt Zäit huet. Ech interesséiere mech fir d’Naturwëssenschaften an ech fannen et dowéinst ganz cool, dass mir an der Optioun d’Méiglechkeet hunn, nei Saachen ze léieren, zum Beispill d’Micropipettéieren.

Mir schätzen dat als Schüler wierklech immens vill, well laang net all Schoul am Land dës deier Pipetten huet, et ass also ee grousse Privileeg schonn op 2e ze léieren, wéi een domat schafft.

Dat kéint och herno op der Uni ee Virdeel fir eis sinn. Och hu mir geléiert, wéi Covid-Tester gemaach ginn a wéi se funktionéieren, wat natierlech grad an der aktueller Krisesituatioun mega interessant ass.

Dat sinn ëmmerhin nëtzlech Saachen, fir déi een am normale Biosunterrecht einfach keng Zäit huet. Mee dat, wat dës Optioun wierklech ausmécht, ass hieren Ofwiesslungsräichtum, vu que mir net nëmmen am Labo schaffen, mee och raus op den Terrain ginn. Et gëtt also net nëmmen theoretescht Léieren, mee och praktescht.

Maira Zieser, 2CC

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes