Optioun “Life Science” am Burgronn

Publié le 29/06/2022

Den 18.5.2022 goung et fir d 2CC-Schüler aus der Optioun “Life Science” op Esch-Uelzecht an de Burgronn fir d’Successioun um Terrain ze entdecken, d. h. wéi aus enger Moundlandschaft d’Planze et lues a lues nees fäerdeg bruecht hunn, den Terrain ze besiedelen. Natierlech hunn d’Schüler och de Minette-Steen erfuerscht an no Fossilië gesicht. De Schwéierpunkt vun der Sortie louch um Entdecke vun den Erstbesiedeler bis hin zum Trockenrasen iwwert d’Pioniergehölzer, fir zur Klimaxgesellschaft ze kommen. Zum Schluss hunn d’Schüler d’Minière Haedefeldchen mat hirem Mikroklima analyséiert. De ganzen Nomëtte waren se a Begleedung vum Rosie, Azubi-Besuchshond. 🐕‍🦺 Et post ganz houfreg mat de Schüler op der Gruppefoto virun enger Vogel-Nestwurz (Orchidee ouni Chlorophyll). 😊

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes