Op Visitt am ScienteensLab

Publié le 07/02/2024

Den 29.1. Januar war eis 3GPS2-Klass op de Belval. Fir d’éischt hunn eis Schüler sech d’Bibliothéik ugekuckt a konnten sech e bëssen an d’Studenten eraversetzen, déi do amgaange waren ze léieren. Duerno goung et fir de ganzen Dag an de „ScienteensLab – De Labo fir Jonker“ vun der Uni Lëtzebuerg. Hei hunn eis Schüler sech d’DNA méi genau ugekuckt a wollten erausfannen, ob d’UV-Stralen en Afloss op eis DNA hunn an ob Sonnecrème eis virun dëse Strale wierklech schütze kann. Den Dag am Labo gouf mat gudde Resultater ofgeschloss; eis jonk Wëssenschaftler hunn erausfonnt, dass esouguer SPF15 schonn e positiven Effekt mat sech bréngt! Denkt also onbedéngt alleguer un är Sonnecrème, soubal d’Sonn nees erauskënnt!

 


 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes