Op de Spure vun de Réimer an eise Géigenden

Publié le 11/06/2015

Am Kader vun hirem Geschichtscours hunn d’Schüler vun der 7STP1 sech den 3. Juli zesumme mat hirer Geschichtsproff Jessica Wilmes op d’Spure vun de Réimer an eise Géigende gewot. Encadréiert goufe si de ganzen Dag vun de Georges Kayser Altertumsfuerscher. Moies stoung e  pädagogesche Rallye duerch den „Ausgruewermusée“ zu Nouspelt um Programm. Do hunn d’Schüler anhand vu Fundstécker a Rekonstruktiounsmodeller e besseren Anbléck an d’Liewe vun de Gallo-Réimer krut.  Mëttes haten si och d’Méiglechkeet selwer un Ausgruewungen bei der Réimervilla a Miecher (Giewel) deelzehuelen. An engem Verteidegungsgruef hu si dunn och tatsächlech net nëmme  Stécker vun Daachzillen, e raschtegen Nol an e Glasstéck fonnt, mee esouguer de Bord vun engem Kellech.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes