Op Besuch am Dikkrecher Militärmusee

Publié le 11/06/2015

Am Cader vum Däitschcours hunn d’Baufachklassen 02BA1, 02BA2 an 02DB1 ënner Begleedung vun hiren Enseignanten Tun Hartmann (Bâtiment) an Anne-Marie Peller (Däitsch) en Ausfluch op Dikkrech gemaach. Moies stoung eng Visite guidée um Programm, mam Schwéierpunkt Zweete Weltkrich an Ardennenoffensiv. Anhand vu sëllechen Artefakten an de Liewensleef vun amerikaneschen an däitschen Zaldote konnten d’Schüler hir am Cours gewonne Grondkenntnisser erweideren. Besonnesch begeeschtert ware si vun de realitéitstrei nogestalltenen Zeenen, déi d’Liewe vun der Bevëlkerung weisen. Nomëttes goung et dunn an den Automobilsmusee, wou historesch Gefierer ausgestallt sinn, an zum Ofschloss an de Musee vun der Brauerei.

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.