One2One Workshop

Publié le 23/02/2018

Am Kader vum one2one-Workshop den 23.2.2018 zu Jonglënster huet de Lycée Josy Barthel säi Projet “Josy goes digital” virgestallt. An dësem Schouljoer sinn 12 vun eise Klassen “iPad”-Klassen, an deenen all Schüler säin eegenen iPad huet.

Doriwwer eraus sinn iwwer 100 weider Geräter am Asaz, déi vun all deenen anere Klasse benotzt ginn. De Lycée Josy Barthel ass eng modern a fortschrëttlech Schoul, déi och eng Plaz fir déi nei Technologie bitt, eng Schoul, déi sech un eng sech verännerend Gesellschaft an hier Besoinen upasst an de Schüler op all méiglech Aart a Weis déi beschten Ënnerstëtzung fir hir perséinlech Entwécklung bidde wëll.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes