Ofschloss vum Comenius-Projet 2013-2015 vum LJBM

Publié le 11/06/2015

De Comenius-Projet « School against Racism – Music for mutual respect » bei deem Schüler a Proffen aus dem LJBM  während de Schouljoeren 2013-2014 an 2014-2015 matgemaach hunn, ass dëst Trimester zu Enn gaang.

5 Schoulen aus Däitschland, Polen, Spuenien, der Belsch a Lëtzebuerg hu jeweils ee Meeting vu 6 Deeg organiséiert, wou si Schüler a Proffen aus deenen anere Länner invitéiert hunn. Nieft diverse Visiten ass och bei all Meeting geziilt um Schlussprodukt vun dësem Projet geschafft ginn: e Song an e Videoclip géint Rassismus, a fir Toleranz.

1. Meeting zu Baza (E) am Oktober 2013: Analyse a Presentatioun vu verschiddene Protestsongs
2. Meeting zu Mamer (L) am Januar 2014: Ausschaffen vun enger Enquete zum Thema Integratioun

3. Meeting zu Grudziadz (PL) am Oktober 2014: Schreiwen vun engem Songtext
4. Meeting zu Neufahrn (D) am Januar 2015: Opzeechnen vu Musek a Gesang an engem Tounstudio
5. Meeting zu Eeklo (B) am Abrëll 2015: Dréi vum Videoclip

Hei kennt Dir iech d‘Resultat ukucken:
E Song, dee vun der Musek iwwer den Text bis bei de Videoclip komplett vun de Schüler aus deene 5 Partnerschoulen realiséiert ginn ass!

Déi éischt 80 Sekonnen am Video sinn d’Schüler aus dem LJBM ze gesinn.

Matgemaach beim Videodréi während dem Meeting zu Eeklo hunn: Emma de Jong (11PS), Jimmy Gomes Varela (5CM1), Linda Lang (11PS), Kim Evers (10PS), Marisa Gomes Marques (5CM1) an David Wolter (T2GC4).

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes