Mission Nichtrauchen 2022

Publié le 12/07/2022

D’Mission Nichtrauchen ass e Concours fir Schüler am Alter vun 12 bis 16 Joer, bei deem si en halleft Joer laang eng Nichtraucher-Klass bleiwen oder gi sollen. Dëst Joer hu si eemol pro Mount en digitale Quiz zum Thema Fëmme beäntwert a mat de richtegen Äntwerte konnte si Punkte fir d’Verlousung am Mee 2022 sammelen. Aus deenen 134 Klassen, déi landeswäit matgemaach hunn, sinn zum Schluss nach 5 Finalisteklassen iwwreg bliwwen, dorënner och d’6C2 aus dem LJBM. Si haten di grouss Chance, dass si bei der Verlousung den 2. Präis (500 Euro) kruten. Felicitatiounen un si an hiert Engagement. Mat hirem Gewënn huet d’Klass sech e flotten Dag zu Lëlz um Stau gegënnt!

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes