Mam Mountainbike duerch de Schnéi

Publié le 05/02/2024

E Freideg, den 19. Januar, hu sech eng Dose couragéiert Enseignanten a Frënn vum LJBM géint der Owend op de Mountainbike geschwong a si bei schéinstem Wanterwieder duerch de Mamer Bësch gefuer. Jiddereen hat dobäi net nëmmen enorm vill Spaass, mee et goufen esou och nach 350 € fir eise Voyage scolaire op Holzgau gesammelt. D’Team Holzgau an d’Team Sport soen all deene Merci, déi dozou bäigedroen hunn!